BJ-ALL TOGETHER

D’Beeforter Jugend invitéiert

Als éischt wëlle mir eis mol virstellen. Mir sin eng Grupp vu Beeforter Jugendlechen déi aus 26 Leit zwëschen 14 an 20 Joer besteet. Dëst Joër hu mir d’Aufgab, am Kader vun Art in Beaufort e Projet ze realiséieren.

Dee Projet erméiglecht eis deenen anere Leit ze weisen, datt och mir, d’Jugend, am Stand as, eppes Flottes op d’Been ze stellen. Ee weidere wichtegen Aspekt as, datt mir léiere mussen eppes zesummen z’organiséieren. An deene leschte Méint hu mir nët méi all zevill Wert drop geluecht eis méi oft zesummen opzehaalen. Dëse Projet erméiglecht eis, datt mir rëm léieren a verschidden Situatiounen méi zesummenzehaalen. Datt heescht natiirlech och datt mir een dem aneren séng Meenung ze respektéieren hun. Dat fänkt schon op de Versammlungen un; mir probéieren roueg ze bleiwen, een nom anere schwetzen ze loossen an nët d’Aan ze verdréien wann engem eppes nët geet. Dofir si mir all frou datt mer duerch dëse Projet hei, eng Méiglechkeet hun, rëm méi eng enk Frëndschaft opzebauen.

Am Projet representéiere mir eis selwer. Mir soen eis Meenung iwer d’Jugend an och iwer déi aner Leit, a mir erklären wat mer während eiser Fräizäit alles ënnerhuelen. Fir eis as ganz wichteg datt mer weise wëllen, datt d’Jugend eigentlech nët sou schlëmm as, wéi déi meescht Leit dat behaapten. Mir sin am Stand aner Leit ze respektéieren a sou si mir der Meenung datt och mir Respekt verdéngen.

Wou verbrénge mir déi meescht Zäit? Wéi vill Leit scho wëssen ass de Kiosk eng ganz wichteg Plaaz fir eis. Hei hu mir eis Daag fir Daag getraff fir mateneen ze schwetzen, fir ze danzen, asw., sou hu mir um Kiosk scho vill erliëwt. Och daat huet an der leschter Zäit nogelooss, aus waat fir enge Grënn och ëmmer, dofir as de Kiosk och de Mëttelpunkt vun eisem Projet. Mir hun d’Méiglechkeet während zwee Deeg um Kiosk daat ze weisen wat mir an deene leschten zwee Méint geplangt an zesummen organiséiert hun.

Watt een och nach soë muss, ass datt mer frou sin, sou ee Projet opstellen ze kënnen an datt ët sou vill Leit gin déi eis ënnerstëtzen. (Club des Jeunes, Gemeng, Myriam a Jerry). Am Grousse Ganzen si mir all zefridde mam Projet; ët mecht natiirlech vill Spaass an dofir hu mir och näischt dergéint eis Fräizäit dofir hiirzegin.

Mir hoffen natiirlech datt sou vill Leit wéi méiglech eis kuke kommen. Vergiësst ët nët, well ët si wiirklech ganz flott Saachen dobäi an daat gëtt eis d’Méiglechkeet eis all besser kennenzeléieren.

Mir wärten eis ganz sëcher all gudd mateneen amuséieren.

zurück/retour