|
ART
IN BEAUFORT 2001
Scarecrows,
all around
......esou
lues weess all Beforter Schoulkand, wat eng "scarecrow"
as. D'Wuert kléngt interessant, bedeit awer näischt
anescht wéi Vulleschäich, Vullen- oder Kuebeschreck.
Sëcher fënnt een op lëtzebuergësch nach aner
flott Nimm fir dësen Objet, deen een dobaussen eigentlech guer
net méi gesäit - an dat schons zënter e puer Generatiounen.
Vulleschäichen kenne mir haut aus de Biller- bicher, de Sprëchwierder
an de Blumme- buttiker - eng Vulleschäich léisst sech
haut ouni weideres an d'Famill vun de Gaarden- zwergen anuerdnen.
De
Mount Juli stoung fir d'Beforter Kanner ganz eendeiteg ënnert
dem Zeeche vun der Vulleschäich: 160 Kanner hun op hirem Schoulfest
iwwer 100 Vulleschäichen gebaut. Gehollef kruten si dobäi
vu villen: Elteren, Léierinnen a Schoulmeeschteren, Vertrieder
vun Elterevereenegung a Kulturkommissioun.
De
Konzept zu dëser Vulleschäichenaktioun koum vum Sonia
Menegatti, enger Kënschtlerin an Event-Managerin aus dem Saarland.
D'Sonia Menegatti huet schons en ähnleche Projet mat 500 Kanner
aus dem Saar-Loor-Lux-Gebitt duerchgefouert. Di Vulleschäichen,
di dobäi entstane sin, gin zesumme mat hire Beforter Cousinen
zu Berlin am Kannermusée gewisen an di ganz Aktioun wäert
an engem Buch dokumentéiert gin.
Nach
ier et awer derzou kënnt, gin d'Vulleschrecken emol fir d'éischt
hei zu Befort gewisen. Bäi ART IN BEAUFORT kënnt Dir se
vu Feides owes u bäim Schlass bewonneren. Sonndes mëttes,
den 22. Juli verléieren si fir kuerz Zäit hire Gaarden-
zwergestatus a kréien Riesemarionette- funktioun. An engem
Cortège gi se vun de Schoulkanner duerch Befort gedroën,
nët ouni di richteg akustësch Begledung.
E
Grupp Kanner as während 6 Wochen trotz dem schéine Wieder
a Percussiounscoure gaang fir bäim Cortège mat Trommelen
fir Stëmmung an Opmierksamkeet ze suergen.
......scarecrows,
all around ......., eng Aktioun vun iwwer 200 Kanner an Erwuessenen!
Verpasst de Cortège net.
Scarecrows,
all around.......
Sonndes,
den 22. Juli 2001
14.00
Auer: Bäim Schlass
15.00 Auer: Am Duerf
Merci
nodréiglech alle Leit, di d'Gezei fir d'Schäiche gesammelt
hun, der Famill Lux fir d'Stréi, der Famill Dussier fir den
Traktor mat Unhänger, der Famill Scholtes fir d'Daachlaten.
|